Projet Grondsazprogramm: D’Informatiounen op ee Bléck

Banner congrès national 2016-Site

Dagesuerdnung vum Kongress

8.00 AUER Aschreiwen an Umeldung vun de Kongressdelegéierten.
D’CSV servéiert Kaffi a Croissant.

8.45 AUER Begréissung duerch de President vun der CSV Esch Georges Mischo.

1. ADMINISTRATIVEN DEEL

1.1. Opmaache vum Kongress duerch de Parteipresident Marc Spautz
1.2. Bezeechnung vum Kongresspräsidium- a vun der Wahlkommissioun
1.3. Aktivitéitsrapport vum Generalsekretär Laurent Zeimet (Aktivitéitsrapport – pdf)
1.4. Rapport de Caisse vum Generaltrésorier Georges Heirendt
1.5. Interventioun vun de Keesserevisoren
1.6. Diskussioun an Adoptioun vun de Rapporten

2. WAHLEN

2.1. Virstellung vun de Kandidate fir déi statutaresch Wahlen: Kandidaturen fir de Nationalkongress (Artikel)
2.2. Wahl a getrennte Wahlgäng
• vum Parteipresident
• vum Generalsekretär
• vun zwee Vizepresidenten
• vum Generaltrésorier
• vun aacht Membere fir de Nationalkomitee
• vun zwee Keesserevisoren
• vum Disziplinarrot a Berufungsrot

3. POLITESCHEN DEEL

3.1. Ried vum CSV-Parteipresident Marc Spautz
3.2. Ried vun der Ministerpresidentin an CDU-Landesvorsitzende vum Saarland Annegret Kramp-Karrenbauer
3.3. Presentatioun an Diskussioun vum Projet iwwer de Grondsazprogramm
3.4. Ried vum CSV-Fraktiounspresident Claude Wiseler
3.5. Resolutiounen a Motiounen
3.6. Proklamatioun vun de Wahlresultater
3.7. Schlusswuert vum neie Parteipresident

Géint 14.00 Auer Éierewäin

D’Invitatioun op de Nationalkongress fannt Dir hei (pdf).

Projet Grondsazprogramm “Jidder Eenzelen zielt”

Am Kader vum Kongress wäerten d’Nationaldelegéiert iwwert de Projet fir de Grondsazprogramm diskutéieren an ofstëmmen.

I. Iwwert d’Ausschaffe vum Projet

De Nationalkongress vum 28. Mäerz 2015 hat a senger Kongressresolutioun (pdf) eng Kommissioun domadder beoptragt bis zum Fréijoer 2016 eng modern Definitioun vun der Vollekspartei auszeschaffen. Dobäi sollten 3 Punkte besonnesch consideréiert ginn:

  1. Die politischen Grundpositionen der Partei sollen in kurzen, einprägsamen Formeln zusammengefasst werden. Das christliche Menschenbild muss bei einer Überarbeitung der Grundsätze weiterhin als Leitfaden gelten.
  2. Die CSV soll sich weiterhin als Partei der sozialen Mitte definieren.
  3. Die CSV soll sich weiter als Europapartei verstehen.

D’Kommissioun, déi vun der CSV-Vizepresidentin Françoise Hetto-Gaasch an dem Deputéierten Serge Wilmes koordinéiert gouf, an an där all d’Bezierker an d’Ënnerorganisatioune vertruede waren, huet dem Nationalcomité Ufank Januar en Avant-Projet virgestallt. De Nationalcomité huet de Projet dunn esou festgehal, wéi en dem Nationalkongress virgeluecht gëtt.

II. Dokumenter fir de Nationalkongress

Hei kënnt Dir de Projet fir de Grondsazprogramm eroflueden:

Projet Grondsazprogramm (pdf)

Dëst ass d’Referenzdokument fir de Nationalkongress. D’Ännerungsvirschléi solle sech op d’Zeile vun dësem Dokument baséieren.

Hei kënnt Dir d’Amendementer vun de Bezierker, Ënnerorganisatiounen a Nationaldelegéiert zum Projet, ewéi och d’Stellungnahme vum Nationalcomité eroflueden:

Amendementer (pdf)

Den aktuelle Grondsazprogramm “Jidder Eenzelen zielt” a senger Neioplag vu 2012 kënnt Dir hei eroflueden:

PDF

III. Prozedur fir Ännerungsvirschléi zum Projet um Nationalkongress anzebréngen

Beim Projet gräifen d’Dispositiounen aus de neie Statute vum Artikel 59 (i) iwwert “Resolutionen des Nationalvorstands”.

Stellungnahmen an Ännerungsanträg konnte bis de 9. Mäerz ëm 23:59 Auer agereecht ginn:

Iwwert d’CSV-Bezierker: D’Kongresser vun de CSV-Bezierker konnten eng Stellungnahm mat eventuellen Ännerungsproposen zum Projet unhuelen.

Iwwert d’Ënnerorganisatiounen: D’Nationalkongresser vun den Ënnerorganisatiounen konnten, ewéi d’CSV-Bezierker, eng Stellungnahm zum Projet unhuelen.

Als Nationaldelegéierten: All CSV-Nationaldelegéierte konnt Ännerungsanträg zum Projet bis spéitstens 10 Deeg virum Nationalkongress schrëftlech beim CSV-Nationalcomité areechen.