Griichenland an TTIP dominéieren d’Emissioun vum CSV Kompetenzteam

“Europäesch Impressiounen”, de Bléck op d’Europapolitik mam Kompetenzteam vun der CSV ( Frank Engel​ Georges Bach​ a Viviane Reding​). D’Kris a Griichenland dominéiert d’Emissioun vum Juli. Nom Nee beim Referendum an och no der Ried vum Premier Tsipras am Europaparlament bleiwe ganz vill Froen op. Griichenland muss Reforme maache fir weider Hëllefen ze kréien. Een anere Sujet an der Emissioun ass den TTIP, wou d’Negociateure vum Parlament elo kloer rout Linne mat an d’Verhandlunge kruten.