Zum Referendum vum 7. Juni 2015

Léif Wielerinnen, Léif Wieler,

Muer ass den Dag vum consultativen Referendum. Et ass dëst elo d’Geleeënheet, seng Meenung ze soen. Et geet em déi eege Meenung an Iwwerzeegung. An hei zielt all eenzel Stëmm.

Jiddereen huet e Recht op seng Meenung. Dat ass esou an der Demokratie. An dat ass gutt esou.

D’CSV wor géint d’Ofhale vun dësem Referendum. Fir eis ass e Referendum en Instrument, dat a wichtege Momenter vun eiser Geschicht agesat gëtt, zum Beispill bei der definitiver Décisioun iwwert eng nei Verfassung.

De Referendum vu muer behandelt awer nëmmen dräi Froen an deenen et kee Konsens tëschent Majoritéit an Oppositioun an der Chamber gëtt.

D’Regierung an Fraktiounen vun DP, LSAP an déi Gréng benotzen d’Instrument vum Referendum fir d’Oppositioun a besonnesch d’CSV op hire Wee ze zwéngen. Dat soll net Sënn an Zweck vun engem Referendum sinn. Dat entsprécht net dem Geescht vun enger partizipativer Demokratie an engem faire politeschen Dialog.

Als Partei hu mir an der Campagne op Informatioun an Argumenter gesat.

„Opgepasst! E Kräiz ass séier gemaach. Gitt gutt informéiert an de Referendum!“

Vun dësem Slogan hu mir eis leede gelooss. Mat dësem Slogan hu mir drun erënnert, dat et op Iech alleguer, op Är Meenung ukënnt.

Als Partei soen mir dräimol Nee. Mat dësem Nee verbanne mir awer och Alternativen. Dräi Punkten sinn et, op déi et ukënnt:

D’CSV ass fir méi Integratioun a Partizipatioun vun de net-lëtzebuerger Matbierger. Mir proposéierten dofir eng couragéiert Reform vum Nationalitéitegesetz. Nationalitéit a Wahlrecht gehéieren fir eis zesummen.

D’CSV setzt sech an, datt d’Jugend gehéiert gëtt. Awer de Wahlalter an d’Groussjäregkeet gehéiere beieneen esou wéi d’Wahlflicht. Dës ass e Pilier vun eisem politesche System.

Fir d’CSV sinn a bleiwen d’Wieler souverän mat hirem Vote ze decidéieren, wiem si, wéi laang, wat fir eent politescht Mandat zoutrauen. Erfahrung ass och eng wichteg Eegenschaft vu Regierungsmemberen. Heiheem awer virun allem och an Europa.

Och nom 7. Juni wëlle mir eis weider asetzen. Fir eis Alternativen. Fir eise Wee.

Marc Spautz
Parteipresident

Claude Wiseler
Fraktiounspresident

Laurent Zeimet
Generalsekretär