Themen an der Emissioun sinn ë.a.: Roaming, Allergenen op de Menuskaarten an d’Spezialkommissioun

D’CSV Europadeputéiert informéieren an hirer Emissioun “Europäesch Impressiounen” erëm iwwert hir Aarbecht am Europaparlament. Dës Kéier stoung ënnert anerem d’Spezialkommissioun iwwert Steierpraktiken an Europa um ordre du jour.

An de Froen un d’CSV Kompetenzteam goung et dës Woch ëm de Begrëff “europäescht Semester”, ëm de Roaming an ëm d’Allergenen, déi u sech an all Restaurant missten op de Menuskaarten ausgewise ginn.