CSV Europadeputéiert Viviane Reding iwwert d’Spezialkommissioun am Europaparlament

D’Europaparlament huet sech fir eng Spezialkommissioun a géint eng Enquêtekommissioun am Kontext vun de Steierpraktiken an Europa ausgeschwat. Dat ass och aus Lëtzebuerger Vue déi besser Léisung wëll sech hei méi allgemeng op d’Steierpraktiken a Steiergerechtegkeet, an net an der Haaptsaach op Lëtzebuerg fokusséiert gëtt. Eist Land ass jo net dat eenzegt wat esou Rulinge gemeet huet an dofir muss elo zesumme gekuckt ginn, wéieng Konsequenzen fir d’Zukunft ze zéie sinn.