Debatt am Europaparlament iwwer grenziwwerschreidend Strofverfolgung am Stroosseverkéier

Een Dënschdeg gouf am Europaparlament zu Stroossbuerg iwwer grenziwwerschreidend Strofverfolgung am Stroosseverkéier geschwat, ee Bäitrag zu méi Verkéierssécherheet. Den CSV Europadeputéierten Georges Bach ass “Shadow Rapporter” am Parlament zu deem Sujet. Hei kënn der seng Interventioun an der Plenière lauschteren.