CSV-Neijoerspatt zu Nidderaanwen

Vill Memberen a Frënn vun der CSV waren och dëst Joer nees op de traditionelle Neijoerspatt komm, de mat enger Schweigeminutt ugefaang huet, fir den Affer vum fuerchtbaren Attentat a Frankräich ze gedenken.

Um Neijoerspatt hunn de Fraktiounspresident Claude Wiseler, de Parteipresident Marc Spautz an de Generalsekretär Laurent Zeimet d’Memberen fir déi wichteg Wochen a Méint, déi elo op d’Partei duerkommen, motivéiert. Elo misst et heeschen: zesummeschaffen an zesummenhalen!