Partei a Fraktioun hate gëschter Owend op en internen Debat rondrëm d’Thema „Beschäftegung“ invitéiert. Den Intressie war grouss. Vill Memberen hu vun der Geleeënheet profitéiert fir zesumme mam Parteipresident Marc Spautz, mam Fraktiounspresident Claude Wiseler a mat de Themeresponsabele Katrin Biltgen, Ali Kaes a Serge Wilmes iwwert d’Bekämpfung vum Chômage, méiglech Reforme bei der ADEM, bei Aarbechtszäiten an Aarbechtsrecht ze diskutéieren a weider Denkustéiss ze ginn. No dësem liewegen Austausch, geet et an de nächste Wochen zesumme mat de Memberen an Aarbechtsgruppe virun. Och sinn nach Foren zu anere wichtegen Theme virgesinn.