Eng qualitativ Beruffsausbildung mat enger weiderer Reform vun der Reform

D‘Reform vun der Beruffsausbildung vun 2008 war en komplette Paradigmewiessel. D‘Beruffsausbildung gouf a Semesteren organiséiert an ass kompetenzorienteiert ginn. D’Fächer sinn duerch Moduler ersat ginn an et gëtt kee Redoublement méi mee dofir eng Remédiatioun oder en Rattrapage.

D‘Reform vun 2008 huet vill positiv Aspekter, mee ass leider mat engem riesech organisatoreschem Opwand verbonne respektiv guer net ze realiséieren. Vill Schüler riskéieren zu kengem Ofschloss ze kommen, an dofir sinn eng Rei Adaptatioune vum Gesetz vun 2008 noutwenneg.

Mee leider ginn di Adaptatiounenelo ëmgesat ouni virdrun eng qualitativ Evaluatioun vun der Beruffsausbildung gemaach ze hunn.

Ännerunge sinn zum Beispill néideg beim Projet Intégré, genau wie beim Promotiounsan dem Evaluatiounssystem, d‘Schüler op 10ième sollte vun engem Tutorat encadréiert ginn an den „Technicien“- Schüler muss och weiderhin d’Méiglechkeet hunn kënnen ze studéieren.

Eis Betriber brauche motivéiert, qualifizéiert an engagéiert Leit, an déi kréie mer nëmmen duerch di richteg Orientéierung vun eise Schüler, duerch eng um Aarbechtsmaart orientéiert Beruffsausbildung an duerch eng geziilt Förderung vum Image vum Handwierk a vum Entrepreneursgeescht.

Hoffentlech gi mat der Reform vun der Reform net all Virdeeler vun der aktueller Beruffsausbildung iwwert de Koup geheit.

Martine Hansen
Deputéiert