D’Woch am Europaparlament zu Stroossbuerg an äer Froen

De Poopst war an d’Europaparlament op Stroossbuerg komm an huet den Deputéierten eng ganz Rei Message mat op de Wee ginn. Da war et awer och d’Remis vum Sacharow Präis an d’Presentatioun vum Jean-Claude Juncker sengem 300 Mia € Investitiounspak.
Iwwert dat Alles schwätzen d’CSV Europadeputéiert Viviane Reding, Frank Engel a Georges Bach dës Woch an hirer Emissioun “Europäesch Impressiounen”. Donieft beäntwerten Si och äer Froen. Schéckt eis och elo erëm Froen a Bemierkungen eran op [email protected] an da kritt dir och deemnächst Äer Äntwert an der Emissioun.