“Déi éischt dräi Joer sinn entscheedend”

An enger fräier Tribün op RTL Radio geet d’Françoise Hetto-Gaasch, Deputéiert a CSV-Vizepresidentin, op d’Erausfuerderungen an der Kannerbetreiung an.

Déi éischt dräi Joer wären entscheedend am Liewe vun engem Kand. Doranner wären sech Kannerpsychiateren, -psychologen a Bildungsfuerscher eenz. Déi kleng Kanner tëschent 1 an 3 Joer bräichten dobäi fest Bezugspersounen, e sécheren a gebuergene soziale Kontakt. Wéi d’Regierung dëst awer systematesch an der Kannerbetreiung assuréiere wëllt, wär bis elo net kloer. Esou bestinn hei fir d’CSV-Vizepresidentin eng Réi essentiell Froen.

“Et ass net un der Politik fir de Familljen e Wee virzeschreiwen”

Eng modern Familljepolitik misst déi ënnerschiddlech familiär Liewesmodeller respektéieren an deementspriechend alles an d’Weeër leede fir d’Familljen an hirem fräie Choix ze ënnerstëtzen. Egal fir wéi eng Form vu Betreiung d’Elteren sech awer  géifen entscheeden, d’Betreiung misst qualitativ héichwäerteg sinn – se misst op alle Fall kannergerecht sinn.

De ganze Bäitrag kënnt Dir hei lauschteren:

oder och hei.