CSV-Forum iwwert den Aarbechtsmaart, d’Beschäftegung a Chômage

securedownloadMam CSV-FORUM lancéieren Partei a Fraktioun eng nei Diskussiounsplattform fir de parteiinternen Debat iwwer déi wichteg politesch Froe vun eiser Zäit. D’CSV baut op d’Erfahrungen an d’Experienz vun all hire Memberen a si bënnt d’Memberen konsequent an de Reflexiounsprozes mat an.

D’Zil, dat mam CSV-FORUM verfollegt gëtt, ass eng partizipativ an oppe Partei an der, op der Basis vum CSV-Grondsazprogramm, politesch Inhalter zesummen diskutéiert a festgeluecht ginn. Mam CSV-FORUM realiséiert sech e wichtegen Deel vun der Kongressresolutioun „Für eine moderne und lebendige Volkspartei“ vum 8. Februar 2014 an der et heescht: „Die Mitglieder sollen mehr als bisher eingebunden werden und sie sollen verstärkt die Möglichkeit haben, sich bei wichtigen politischen Fragen in einem offenen und partizipativen Diskussionsprozess einzubringen.“

All Member ass invitéiert matzemaachen.

Den éischte Forum iwwer den Aarbechtsmaart, d’Beschäftegung a Chômage ass Dënschdes, den 2. Dezember 2014 um 18.30 Auer (Accueil ab 18.00 Auer) am Centre Culturel am Duerf, 1, rue Henri Lamormesnil, L-1915 Lëtzebuerg-Weimerskirch.

Weider Foren zu den zentrale politeschen Themen a Froen si virgesinn. Weider Informatiounen op csv.lu an um Telefon 22 57 311.