D’Péagen an Europa an déi geplangte Maut an Däitschland als Sujet am Europaparlament

D’Transportkommissioun vum Europaparlament huet sech an engem Hearing mat de verschiddene Péagesystemer an Europa a méi speziell och mat der däitscher Maut befaasst.

Den CSV Europadeputéierte Georges Bach war bei där Réunioun derbäi an huet wéi aner Riedner och gemengt, déi geplangte Maut bei eisem däitschen Noper wär diskriminatorësch an antieuropäesch. Seng Fro un eng Juristin vun der Uni vu Pau war déi, op déi däitsch Maut um Enn virum europäesche Geriichtshaff land.

D’Juristin Sylvie Peyrou konnt nach keng definitiv Äntwert ginn, schléisst juristësch Suiten vun der Maut allerdéngs net aus.