Viviane Reding wiert sech géint Subventioun vu geplangtem Atomreakter a Groussbritannien

Déi britësch Regierung huet wëlles ee weideren Atomreakter, den Hinkley C a Südengland, mat staatleche Suen ze subventionéieren an wéi et elo ausgesäit wéilt den EU Kommissär, deen zoustänneg ass fir d’Konkurrenz, de Joaquin Almunia, deem zoustëmmen. D’Viviane Reding ass net domatter d’accord an huet dowéinst eng Fro un de Kommissiounspräsident Barroso gestallt.

D’CSV Europadeputéiert wëll wëssen op et politësch opportun ass fir dat grad elo ze maachen, wou déi nei Kommissioun deemnächst mat hirere Aarbecht ufänkt. D’Viviane Reding kritiséiert och, dass heimatter d’Atomenergie nees kéint neien Opdriff kréien, wat dann zu Laaschte vun den erneierbaren Energie kéint goen.

D’Viviane Reding am Interview um Radio 100,7