Europäesch Impressiounen

Déi 3 CSV Europadeputéiert Viviane Reding, Frank Engel a Georges Bach informéieren iech reegelméisseg iwwert hir Aarbecht am Parlament zu Bréissel an zu Stroossbuerg. Dir kënnt hinne ganz gäre Froen zu der EU an zu Lëtzebuerg an Europa era schécken. An enger vun den nächsten Editiounen vun der Emissioun “Europäesch Impressiounen” kritt der dann eng Äntwert op är Fro.

An der éischter Emissioun, déi zu Stroossbuerg am Europaparlament opgezeechent gouf, geet et ëm den Accord, deen d’EU mat der Ukraine ënnerschriwwen huet.