Breet Diskussioun op alle Parteiniveauën

Den CSV-Spëtzekandidat bei Chamberwahle soll net méi alleng vum Nationalrot designéiert ginn. Där Meenung ass de Marc Spautz. D’Diskussioun doriwwer soll intern gefouert an d’nächst Joer ofgeschloss ginn. “Mir wäerten doudsécher op eisem Kongress am Mäerz d’nächst Joer decidéieren, eis Statuten ze änneren”, esou de Marc Spautz am 100,7-Interview. Op engem statutaresche Kongress am selwechte Joer sollen d’Prozedure vun der Partei iwwerschafft ginn. Iwwer Nimm soll nach net diskutéiert ginn. Dat soll réischt 2017, no de Gemengewahle geschéie, wënscht sech de Parteipresident.

MP3: Breet Diskussioun op alle Parteiniveauën – Marc Spautz