Eis Kandidaten on Tour – Fotosgalerie

E leschte Weekend waren eis Kandidate mam CSV-Bus queesch duerch d’Land ënnerwee fir mat Iech ze diskutéieren. E Samschdeg ware se am Osten um Tour. Sief et zu Schengen, Munneref, Réimech, Gréiwemaacher, Iechternach oder Jonglënster – iwwerall gouf et flott an interessant Gespréicher mat de Leit. E Sonndeg war et dunn u Walfer, Beetebuerg, Käl an Ierpeldeng. Klickt Iech hei duerch d’Fotosgalerie.