Wahlsplitter – De Charel, Lëtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch, TTIP

Ech kann dat alleng !

Fir e staarkt Lëtzebuerg ? De Charel! Fir eng Budgetspolitik mat Verstand (wat och ëmmer dat ass)? De Charel! Fir eng staark, stabil Unioun? De Charel! Seng Matkandidate si kaum ze gesinn. Bei all Sënn fir gewise Gréisst: ganz alleng packt en alles dat net. Ganz alleng packt e just, nees an Europa gewielt ze ginn. Fir sech net méi mussen esou vill heiheem mat der DP ze ploen, déi en zu Lëtzebuerg ni zu deem komme léisst, wat e gäeren hätt.

Lëtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch?

Eng offiziell Sprooch an der EU ass eng, an däer all Gesetzestext ka geschriwe ginn, all Debatt iwersat, all techneschen a wëssenschaftlechen Dossier verhandelt. Geet dat op lëtzebuergesch? Leider neen. Mir hunn d’Vokabele net. Net am Droit, net an der Physik, net am Ingénieurswiesen. Lo kéint een se natierlech erfannen, mee op dat besonnesch vill bréngt, an enger Zäit, wou sech ëmmer méi an e puer Kommunikatiounssproochen ausgetosch gëtt, dat ass awer eng oppe Fro. An dat ass besonnesch wouer, wann d’Fuerderung no Lëtzebuergesch als offizieller Sprooch an der Unioun hei dacks op franséisch virgedroe gëtt…

Den TTIP

D’EU verhandelt mat den USA iwwer e Fräihandelsaccord. Wéi ëmmer mécht dat d’Exekutiv – also d’Kommissioun. An all Memberstat ginn esou Verhandlungen och vun der Regierung gefouert, a net vum Parlament. Dat seet um Schluss zum Text vum Accord Jo oder Nee. Mat engem Ënnerscheed: wann an engem Stat eng Regierung hirem Parlament esou en Text virleet, da seet do d’Majoritéit bal ëmmer Jo. Am Europäesche Parlament geet dat anescht. Et wäert keng Zoustëmmung ginn zu engem Text, deen eis Rechter, eis Wäerter, eis Standaren a Fro stellt. Wann en dat géif maachen, da géif d’Parlament Nee soen. An d’CSV-Europadeputéiert och.