Wahl-Splitter

Gréisst weisen?

Bei der DP ass et kloer: si hu fir Europa e ganz grousse Chef. Een, deen an deene lëschtegste Positioune geknipst gouf, fir an Europa Gréisst ze weisen. Mä hannert dem Chef fënnt ee Saachen, déi et guer net gëtt. Do ass zum Beispill eng Damm, vun där ee soll unhuelen, si wir Schäffen an der Stad. Dat ass se awer ganz eendeiteg net. Et ass ze fäerten, datt d’DP wëllt eng Gréisst weisen, déi se guer net huet. Iwwerdreift et net. Well Gréisst weist een doduerch, datt ee grouss ass. A net behaapt, et wier een et.

Jean-Claude Reding

De Chef vum OBGL huet sech, als Vertrieder vun de klenge Leit, e Posten an engem décke Verwaltungsrot geséchert. Seng materiell Situatioun gëtt doduerch wuel net méi prekär. Déi Politik vun der sozialer Stagnatioun, déi en Europapolitiker vun der CSV virwerft, huet bei him op jidde Fall net gewierkt, säi soziale Fortschrëtt ass jo emol geséchert.

Jean-Claude Reding, nach eng Kéier

D’Viviane Reding stéing fir eng neoliberal Politik vun der aktueller Kommissioun. De Jean-Claude Juncker, Spëtzekandidat vun der EVP, hätt kee Spillraum géint d’Madame Merkel. Seet de Jean-Claude Reding. Mä wéi ass et da mam Martin Schulz? Deem seng Partei ass mat der Madame Merkel an der Koalitioun, wat hätt hien da fir e Spillraum ? Mir stinn ëmmerhi fir eis eege Politik, a fir déi brauche mer eis net ze schummen. De Martin Schulz steet bis elo just fir dee gréisste Fall vu penibler Vetternwirtschaft, deen d’Europäescht Parlament jee gesinn huet. Seng eege Leit kritt e placéiert. Op en d’Europäer besser placéiert kriit, bleift ofzewaarden.