„D’Kompetenz vun eiser Equipe ass eist Stäerkt. Et geet dorëms genuch Substanz ze hunn fir kënnen déi lëtzebuerger Positioune wierksam an Europa duerzeleeën an ze verdeedegen. All eis Kandidaten hunn an hirem Beruffsliewen an an hirem politesche Liewe bewisen, datt si dat kënnen,“ esou d’EU-Justizkommissärin a Spëtzekandidatin Viviane Reding bei der Virstellung vun der CSV-Lëscht fir d’Europawahlen.
Eis Kandidaten am Iwwerbléck
Viviane REDING
- Lëtzebuerg
- 62 Joer
- Mamm vun 3 Kanner
- Dokter a Gëschteswëssenschaften
- EU-Justizkommissärin, Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun
Georges BACH
- Lëtzebuerg
- 58 Joer
- Bestuet a Papp vun 3 Kanner
- Eisebunner, fréiere President vum Syprolux
- Europadeputéierten
Frank ENGEL
- Lëtzebuerg
- 38 Joer
- Jurist, fréiere Fraktiounssekretär
- Europadeputéierten
Christophe HANSEN
- Donkels
- 32 Joer
- Bestuet
- Master an Ëweltwëssenschaften
- Chargé de Mission fir d’EU-Présidence am Beräich Ëmwelt, Klima an Energie
- Gemengeconseiller
Marianne PESCH-DONDELINGER
- Krautem
- 55 Joer
- Witfra a Mamm vun 2 Kanner
- Bauerefra
- Gemengeconseillère
Isabel WISELER-SANTOS LIMA
- Lëtzebuerg
- 52 Joer
- Bestuet a Mamm vun 3 Kanner
- Maîtrise de Lettres modernes, Professesch, Attachée à la direction
- Gemengeconseillère vun der Stad Lëtzebuerg