De Joseph Daul ass neie President

D’CSV felicitéiert dem Joseph Daul zu senger neier Funktioun als President vun der europäescher Vollekspartei.

D’Generalversammlung vun der EVP huet de Joseph Daul (66)  gëschter Owend zu Bréissel als hire neie Chef gewielt.  De Joseph Daul gëtt Successeur vum Wilfried Martens, deen am Oktober verstuerwen ass.

De Joseph Daul bleift och President vun der EVP-Fraktioun, déi am Europaparlament di stäerkste Kraaft ass.

73 Parteien aus 39 europäesche Länner gehéieren zur EVP, dorenner och d’CSV.

Bei de Wahlen en Dënschdeg zu Bréissel war d’CSV duerch d’Europadeputéiert Astrid Lulling an durch de Generalsekretär Laurent Zeimet vertrueden.