Point de Presse vun der CSV

Um Point de Presse de Mëtteg sot den CSV-Parteipresident Michel Wolter, dat no dem korrigéierten Resultat vun TNS-Ilres d’CSV op 34,05% vun de Stëmme kennt.

Den Ënnerscheed op die nächste Partei ass 15%, net 13,5 ewéi e Sonndeg behaapt.

Kéng aner Partei läit iwwer 20%.

D’LSAP huet dat schlechst Wahlresultat säit dem Krich 1945 mat 19,21%, si representéiert mol net méi all 5te Wieler.

Die Gréng hunn 1 vu 7 Sëtzer verluer.

Eenzeg an alleng d’DP ass vu 9 op 13 Sëtz eropgaangen, woubäi 2009 hiert schlechst Resultat säit 1964 war.

D’CSV ass an alle Bezierker di stäerkste Partei grad ewéi a 99 vun 106 Gemengen.

De Staatsminister krut mat 56000 Stëmmen der 24000 méi ewéi de Xavier Bettel, deen op 32000 Stëmme kënnt.

De Michel Wolter huet betount, datt d’CSV, ma net nëmmen si alleng, erstaunt ass iwwert d’Aart a Weis ewéi dat di leschte Woch gelaf ass.

Um Wahlowend huet de Jean-Claude Juncker a menger Präsenz d’DP zu Gespréicher invitéiert, sou wéi vill Leit dat gäre gehat hätten. De Xavier Bettel huet dat refuséiert, sou de Michel Wolter.

D’DP huet och di ganze Woch refuséiert mat der CSV ze schwätzen. Datt d’CSV net hätt wollte mat der DP schwätzen, stëmmt also net, sou de Michel Wolter. D’Ausso vum Xavier Bettel e Mëttwoch op RTL, hien géif iwwerhaapt net drun denken mat der CSV ze schwätzen, seet do genuch.

E Méindes ass eng nei Koalitioun annoncéiert ginn, iert iwwerhaapt de Grand-Duc Konsultatioune konnt ophuelen.

Et war alles vu laanger Hand preparéiert. Et gouf een taciten Accord wéi eng Koalitioun et sollt ginn ouni ëffentlech Koalitiounsausso.

Dat ass net éierlech a net fair. Dat ass Bedruch um Wieler, wat een och gudd mierkt an de Reaktiounen op de sozialen Netzwierker

Dat Ganzt baséiert op engem Kouhandel tëschent e puer Leit: den Här Schneider huet dem Här Bettel de Premier offréiert an dat war et. Dobäi gouf e Méindeg  nach gesot, datt et sech just ëm Inhalter handelt.

A breeden Deeler vun der Populatioun gëtt et eng richteg Roserei. Et gëtt een iwwerall, besonnesch och aus liberale Kreesser,  dorobber ugeschwat: firwat gëtt et keng CSV-DP-Regierung?

De Spëtzekandidat aus dem Norden huet iwwerdeems seng Konsequenze gezunn.

Vum Buergermeeschter iwwert de Conseiller bis zum einfachen DP-Wieler gëtt et eng Ausso: dat doten entsprécht net dem Wielerwëllen.

Als CSV, sou ënnersträicht de Michel Wolter, hu mir eng Analys iwwert Inhalter gemaat. Mir hu vill Gemeinsamkeete festgestallt fir eng stabil Regierung mat 36 Sëtz an do wou keng Iwwerteneestëmmung war, hätt een se kënnen aus dem Wee raumen.

Mir sinn elo gespaant, sou de Michel Wolter wat erauskënnt aus de Verhandelungen. Mir si gespaant, wéivill vun deenen 10 besseren DP-Léisunge fir eist Land nach am Regierungsprogramm erëmzefanne sinn, oder wéi vill der dem Staatsministerstull zum Affer falen.