Jean-Marie Halsdorf op RTL

Den Inneminister Jean-Marie Halsdorf war de Moien den Invité vun der Redaktioun op RTL-Radio Lëtzebuerg.

D’CSV ass eng Partei mat vill Erfahrung a si huet an de leschte Jore gutt Aarbecht geleescht, huet de Minister betount.

Hien huet d’Kritik zeréckgewisen den Inneministère géif blockéieren. Et ass munneches geschitt, sou de Jean-Marie Halsdorf.

Als Beispiller huet hien d’Waassergesetz genannt, d’Bebauungspläng an de Gemengen, d’Relatiounen tëscht Staat a Gemengen, di verbessert goufen an dann d’Prozeduren, di de Gemengen d’Liewe méi einfach maachen, besonnesch och am Beräich vun de neie Kommunikatiounstechnologien.

De ganzen Interview:http://bit.ly/14B2SJ0