Ovatioun fir d‘Martine Hansen“

Am Heischtergronn huet d’CSV hir nei Ministerin fir Héichschoul a Fuerschung gefeiert. Amplaz vum traditionelle Baam goufen et Blumme vun de Kanner aus dem Duerf.

An hirer Ried soot d’Martine Hansen, dat fir si an der Politik de gesonde Mënscheverstand an den Dialog eng ganz wichteg Roll spillen.

Beim Fest de leschte Weekend waren och d’CSV-Regierungskollegen  Marco Schank a Marc Spautz, d‘CSV-Deputéiert Christine Doerner, Emile Eicher, Ali Kaes, Jean-Paul Schaaf a  Serge Wilmes grad ewéi de Präsident vum CSV-Nordbezierk, Charel Pauly, mat derbäi.