Jean-Claude Juncker am Gespréich mat der Jugend

De Premierminister huet sech haut mam Nationalcomité vun der Parteijugend op e liewegen an oppene Meenungsaustausch getraff.

Dobäi hunn déi Jonk zesumme mam Jean-Claude Juncker e.a. iwwert de Jugendchômage, de Wunnengsbau, d’Finanzplaz, de Staatsbudget an d’Europäesch Unioun diskutéiert.