Pierre Mellina – Neien CSV-Députéierten

Nodeems de François Biltgen ugekënnegt hat d’Regierung ze verloossen huet de Premierminister am Nationalrot vum 27.04.2013  d’Propositioun gemat de Marc Spautz an d’Regierung ze nominéieren.

Dëse Changement an der Regierung huet mat sech bruecht dass de Buergermeeschter vu Péiteng, de Pierre Mellina, de Metten als Deputéierte vereedegt gouf.

De Pierre MELLINA ass de 25.02.1957  zu Gréiwemacher gebuer an employé de l’Etat beim STATEC.

Den  02.09.2004 ass de Pierre Mellina  Buergermeeschter vu Péiteng gin. 2011 gouf de Pierre Mellina erëmgewielt an ass mëttlerweil haaptberuffleche Buergermeeschter.

Hien gett an der Chamber Member vu folgende Kommissiounen:

  • Commission de la Santé et de la Sécurité sociale
  • Commission des Comptes
  • Commission de l’Education nationale, de la Formation professionnelle et des Sports