Kompetenz an Ernéierung

De Nationalrot vun der CSV souz e Samschdeg beieneen an huet unanim d’Propositioun vum Premier Jean-Claude Juncker fir eng Regierungsëmbildung ugeholl.

No der Demissioun vum François Biltgen huet och d’Marie-Josée Jacobs gesoot, datt sie als Ministesch ophät. D’Martine Hansen, Direktesch vun der Ackerbauschoul, an de Marc Spautz, CSV-Fraktiounspresident, komme nei an d’Regierung eran. Fir sie all gouf et ee laangen Applaus.

Di nei Ressortverdeelung gesäit esou aus:

Octavie Modert iwwerhëllt Justiz a Fonction publique

Martine Hansen: Recherche an Héichschoul

Marc Spautz: Famill, Kooperatioun a Relatioune mam Parlament

Luc Frieden kritt d’ Kommunikatioun derbäi

An de Staatsminister Jean-Claude Juncker kritt Cultes derbäi.