Jidder Jonken zielt!

Den CSV Deputéierte Serge Wilmes zum Chômage vun de Jonken

Mécht et Sënn, e puer Milliounen Euro ze investéiere fir datt herno 25% eng Plaz fannen? Déi Fro huet lescht Woch eng gréng Deputéiert an der Chamber gestallt.

Em wat ass et gaangen?

Em den CAE an CIE. Do hannendru verstoppe sech Mesure fir deene Jonken, déi keng Plaz hunn, ënnert d’Ärm ze gräifen. Dës Jonker hu meeschtens keen Diplom oder net deen, deen um Aarbechtsmaart gesicht gëtt. Fir maximal 18 Méint kréie se dofir d’Méiglechkeet ze schaffen an eng Formatioun ze maachen. Mat Hëllef vun deenen zwou Mesure ginn hir Chancen, eng Plaz ze fannen, méi grouss. Dat klappt net bäi jiddfer Jonkem. Leider!

An engems hunn eng selleche vun hinne mat enger Mesure eng Aarbecht fonnt. Ronn 25%. Also déi Zuel vun där an der Chamber geschwat ginn ass. Déi gréng Vertriederin fënnt dat net genuch. Op den éischte Bléck si 25% net wirklech dichteg. Allerdéngs soll een ëmmer méi wäit kucken. An wann een dat mécht, da gesäit een op eemol, datt hannert dëser plackeger Zuel, ronn 300 Jonker stinn!

300 eenzel Menschen, déi am Ufank vun hirem Liewe stinn an elo eng Perspektiv kruten. Sinn dës 300 Jonker hir Suen net wäert? Vu wéivill u fänkt et fir déi Gréng un interessant ze gi fir ze investéieren?

D’CSV ass sech bewosst, datt dës Mesuren net de Probleem vum Chômage léise wäerten. Dat kënnen nëmmen genuch Aarbechtsplazen an déi richteg Formatioun maachen. Zu Lëtzebuerg ginn och nach Plaze geschafen, mä et feelt ze dacks u forméierte Leit. Dofir ass a gëtt d’Schoul weider reforméiert. Gläichzäiteg dauert et hei bis déi éischt Resultater do sinn an eng Rei Kannerkrankheete geheelt ginn. An der Teschenzäit däerf d’Politik awer net näischt maachen. Net nokucken ewéi Jonker, ouni zolidd Basis, einfach lénks leie gelooss ginn.

An dofir ass ons Äntwert kloer: jo, dës Mesure maache Sënn! An dat vun deem éischte Jonken un, deen eng Plaz fonnt huet. Well am Géigensaz zu deene Gréngen, zielt fir d’CSV jidder Eenzelen!

Serge Wilmes

Deputéierten