Excellent Relatiounen

„D’Relatiounen tëscht Frankräich a Lëtzebuerg sinn excellent“. Dat sot de Premier Jean-Claude Juncker gëschter bei senger Visite zu Paräis. Hien gouf do vum Premier Jean-Marc Ayrault a vum President François Hollande empfaangen.

Op engem gemeinsame Point de Presse am Elysée hunn de Jean-Claude Juncker an de François Hollande betount, dat ee sech a groussen Zich eenz ass, wat d’Vü op bilateral, europäesch an international Froen ugeet. De franséische President huet vu Lëtzebuerg als „Pays ami“ geschwat.

D’Siderurgie war och een Thema gëschter. D’Solidaritéit tëscht Frankräich a Lëtzebuerg op deem Niveau ass grouss, sou de Jean-Claude Juncker.