„Sportleche Stil“

„Hien huet seng éischte Sëtzung ganz flott a sportlech geféiert a mir mengen, dass mir och an Zukunft gudd mateneen eenz ginn“. Dat sot de lëtzebuerger Finanzminister Luc Frieden gëschter am RTL-Interview no der éischter Reunioun vum Eurogrupp ënnert dem neie Chef, dem Jeroen Dijsselbloem.

Een Haaptthema gëschter war d’Situatioun vun Zypern. Décisioune goufen et keng. Di Reunioun war och méi fréi fäerdeg ewéi normal an dat well et een Owendiesse gouf, fir dem Jean-Claude Juncker Merci ze soe fir di 8 Joeren un der Spëtzt vum Eurogrupp.