Finanzsektor a Verfassung

Nom groussen Erfolleg vun eise Formatiounen « Budgets- a Finanzpolitik » an « Wat ass chrëschtlech-sozial ? » geet CSV-Akademie an di zweet Ronn.

19. Februar: De lëtzebuerger Finanzsektor

20. an 23. Februar: Eng modern Verfassung fir e modernt Land

Dës Formatiounen adresséiere sech un all interesséierten CSV Member an daueren ronn 2,5 bis 3 Stonnen.

1)  De lëtzebuerger Finanzsektor

De Finanzsektor ass den Haaptpilier vun der lëtzebuerger Economie. Aus wat fir Aktivitéiten setzt hien sech zesummen? Wat ass seng Zukunft am gemeinsamen europäesche Wirtschaftsraum an an engem globaliséierten Ëmfeld ? Kann de Finanzsektor viru wuessen ? Wéi kann d’Zukunft vun der Finanzplaz ausgesinn ?

De Georges Weyer, zënter 30 Joer a verschiddene Positiounen op der Finanzplaz berufflech aktiv, mécht fir all interesséiert d’CSV Memberen eng Introduktioun iwwer den Opbau vum lëtzebuerger Finanzsektor.

Wéini a Wou? Dënschdes, de 19. Februar 2013 um 18.30 Auer um CSV Generalsekretariat, 4, Rue de l’Eau, Lëtzebuerg

Weider Informatiounen an Umellung (obligatoresch bis Méindes, den 18. Februar 2013): Adresse:  CSV Generalsekretariat, B.P. 826, L-2018 Lëtzebuerg // Telefon: 22 57 311 // Mail: [email protected]

2)   Eng modern Verfassung fir e modernt Land

D’Verfassung, déi eist Zesummeliewen encadréiert, de politesche Fonctionnement an d’Zesummespill vun den Institutiounen regléiert, staamt aus der Mëtt vum 19. Joerhonnert. An de leschte Joeren ass an der “Commission des Institutions” vun der Chamber intensiv dru geschafft ginn, fir d’Verfassung un eis Zäit unzepassen.

De Paul-Henri Meyers, CSV-Deputéierten a President vun der “Commission des Institutions” mécht fir all interesséiert d’CSV Memberen eng Introduktioun an d’Verfassung an och an di aktuell Verfassungsdebat.

Wéini a wou? Mëttwochs, de 20. Februar 2013 um 18.30 Auer am CSV Generalsekretariat oder Samschdes, den 23. Februar 2013 um 9.00 Auer an der “Salle de Réunions” vun der Däichhal zu Ettelbréck.

Weider Informatiounen an Umellung (obligatoresch bis Dënschdes, de 19. Februar 2013): Adresse:  CSV Generalsekretariat, B.P. 826, L-2018 Lëtzebuerg // Telefon: 22 57 311 // Mail: [email protected]

Aner Formatiounen iwwer d’lëtzebuerger Industrie an di sozial Medien ginn am Fréijoer organiséiert. Informatiounen dozou an der Rubrik CSV Akademie op csv.lu oder um Telefon 22 57 311.