Keng Aarbecht. Keng Perspektiven

Serge Wilmes, gudde Mëtten. Keng Aarbecht. Keng Perspektiv, esou heescht Är fräi Tribun ! Am Dezember 2012 ware ronn 17.000 Persounen ouni Aarbecht, ënnert hinnen 2.277 Jonker. De Premierminister huet virun e puer Woche gesot, datt de Chômage am Beschte mat Aarbecht ze bekämpfe wäer. Deelt Dir dës Meenung ?

Jo, de Premier huet Recht mat deem wat e seet. A mir hunn d’Chance, datt hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer Aarbechtsplaze geschafe ginn. Zejoert waren dat der nach ronn 7.000. An engems fannen awer esou vill Jonker keng Aarbecht. Firwat ? Ma well 50% vun hinne keng Formatioun huet oder net déi, déi um Aarbechtsmaart gefrot ass. Dat ass d’Haaptursaach vum Chômage vun deene Jonken. An dofir musse mir kucken, datt si dat, wat se an der Schoul net geléiert hunn, irgendwéi nohuelen. Soss ass et ganz schwéier fir eng Plaz ze fannen.

D’Regierung mécht op deem Niveau jo Efforten ! Esou ginn et mam Contrat appui emploi an dem Contrat initiation emploi, speziell Mesure fir déi Jonk, déi keng Plaz fannen. Béid Mesure sollen elo iwwerschafft ginn. Ass dat dee richtege Wee ?

Dës Mesure sinn effektiv eng Méiglechkeet fir deene Jonken, déi keng Ausbildung hunn, eng praktesch an theoretesch Formatioun ze ginn. Doduercher kréie se mol iwwerhaapt eng Perspektiv. Eng Etude huet gewisen, datt béid Mesure mol méi  mol manner effikass sinn, an dofir gi se elo op de Leescht geholl. Zum Beispill ginn déi Jonk an Zukunft zweemol während der Mesure bewäert a kréien herno och een Certificat. Dat ass zwar keen Diplom, allerdings do steet da kloer dran, wat se gemaach a geléiert hunn. An dat ass wichteg fir kënnen eng Plaz ze fannen.

Eng gutt Ausbildung ass also decisiv. Ginn et net och nach aner Ursaache fir de Chômage vun deene Jonken ze erklären ? Ass et net och zum Beispill eng Fro vun der Mentalitéit, datt ee  gäre bestëmmte Beruffer net maache wëll ?

Dat kënnt sécher och nach mat dobäi. Vill Jonker wëllen am léiwste bei de Staat schaffe goen, well se do net nëmmen attraktiv Konditioune fannen, mä och eng sécher Aarbechtsplaz. Dat ass ze verstoen, zumools a wirtschaftlech onsécheren Zäiten. D’Realitéit ass awer déi, datt och beim Staat net méi vill agestallt gëtt an d’Konkurrenz fir déi puer Plaze ganz grouss ass. An och hei gëllt, datt een een Diplom muss hunn. Et wäer deemno wichteg, déi Jonk nees méi ze motivéieren, eng Plaz am Privatsektor ze sichen. Hei ginn et eng sëllechen interessant Beruffer mat flotte Méiglechkeeten. An virun allem ginn hei Plaze geschafen, zum Beispill am Restauratiouns- an Hotelsberäich, dem Handwierk an am Handel.

An ewéi kéint een déi Jonk méi motivéiert kréien op dee Wee ze goen ?

Andeems mir fir d’éischt mol nees méi positiv iwwert dës Beruffer schwätzen a mir dann, zweetens, deene Jonke Méiglechkeete gi fir dës Beruffer besser kennenzeléieren. Hei gëtt och scho villes gemaach, mä et kéint een zum Beispill och an de Schoulen, ee Stage an enger Entreprise aféieren oder iwwert d’Medien, deene Jonken déi Beruffer virstellen. Et geet drëms fir jonke Leit op eng Aarbechtsplaz ze motivéieren. Well ouni Aarbecht. Keng Perspektiv.

Serge Wilmes, ech soen  Merci fir Är Äntwerten