10 Joer CSV Grondsazprogramm: Jidder Eenzelen zielt

Et sinn hir Grondsätz, déi eng Partei ewéi d’CSV ausmaachen. Vill Mandatairen, Memberen a Frënn haten sech dofir en Donneschden, 31. Januar 2013, zu Mamer am Centre Culturel “Kinneksbond” afonnt fir e flotten an interessanten Owend ze verbréngen, wou genau dës Wäerter am Mëttelpunkt stoungen. Firwat ass et Enn 2002 zu engem neie Grondsazprogramm komm? Wat sinn eigentlech d’Fundamenter vum “Chrëschtlech-Sozialen”? A wat bedeiht et haut eng chrëschtlech-sozial Politik ze maachen?

An dräi Gespräichsronnen hunn déi fréier Parteipresidentin Erna Hennicot-Schoepges, de fréiere Generalsekretär Jean-Louis Schiltz, de Fraktiounspresident Marc Spautz, de Parteipresident Michel Wolter esou wéi de Staatsminister Jean-Claude Juncker Äntwerten op dës an aner Froe ginn, déi hinne vum Generalsekretär Laurent Zeimet, dem Generalsekretär adjoint Pierre Lorang an den zwee CSJ-Membere Julie Wieclawski a Pit Bouché gestalt goufen.

Am Virfeld hat de Staatsminister sech Zäit geholl, fir déi nei CSV Memberen ze begréissen a mat hinnen ze diskutéieren.

(Fotoen: Carlo Hommel)