Mat de Leit iwwert Auslännerwahlrecht diskutéieren

Ass ons Demokratie nach wierklech demokratesch ?

Wat bedeit Diskrepanz tëscht Wahlvollek a schaffendem Vollek?

Sollen Auslänner een allgemengt Wahlrecht kréien oder geet  Doubelnationalitéitsgesetz duer?

Iwwer déi Froen gouf an der Emissioun „Kloertext“ op RTL Télé Lëtzebuerg ronn 1 Stonn laang diskutéiert.

Mat an der Emissioun derbäi war  den CSV-Generalsekretär a Buergermeeschter vu Beetebuerg, de Laurent Zeimet.

Hien huet ënnert anerem gesot, dat di Diskussioun iwwert d’Wahlrecht fir Auslänner am Kader vum nächsten CSV-Wahlprogramm diskutéiert gëtt. Wichteg, sou de Laurent Zeimet, ass et, fir Diskussiounen ewéi déi iwwert Auslännerwahlrecht gudd ze preparéieren. Et muss een d’Leit mathuelen op dee Wee a mat hinne schwätzen, mat den Auslänner ewéi mat de Lëtzebuerger. Vun uewen erof kann een do näischt dekretéieren.

De Laurent Zeimet huet an der Emissioun „Kloertext“ och op d’Gemengewahlen higewisen. Dat d’Auslänner do d’Wahlrecht hun, hätt net wierklech vill geännert un der Partizipatioun. Iwwert dee Partizipatiounsdefizit muss een och schwätzen, well den Interesse un deem wat an eiser Demokratie lass ass, net iwwerall esou ass, ewéi ee sech dat kéint wënschen, sou den CSV-Generalsekretär.

Di ganz Emissioun „Kloertext“ fannt Dir ënnert dësem Link: http://bit.ly/14qLxzm

Bild: source: rtl.lu