Keng Begeechterung fir Cameron-Ried

D’Europaried vum britesche Premier David gëtt europawäit kritiséiert. Och de lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker ass net begeeschtert vun där Ried.

„Camerons EU-Rede hat Erpressungspotenzial“ gëtt hien haut op wort.lu zitéiert. Et kéint ee net Verhandelunge froen a gläichzäiteg kloer maachen, dat wann d’Konditioune vu Groussbritannien net erfëllt géife ginn, dat d’Land dann net méi géif an der EU bleiwen.

En Europa à la carte gëtt et net, betount de Jean-Claude Juncker. A wann de britesche Premier d’EU nëmmen op de Bannemaart limitéiere géif, da géif dat der Europäescher Unioun net gerecht ginn. Déi EU wier nämlech méi ewéi nëmmen Wirtschaft an Euro.

Hien kéint engem Land net verbidden ee Referendum ze maachen, seet de Jean-Claude Juncker, ma wa Groussbritannien  d’EU verloosse géif, da wier dat net gudd fir Europa an et wier net gudd fir Groussbritannien.