De Roland Theis, Generalsekretär vun der CDU Saar an den Henrik Eitel, “Landesgeschäftsführer”, waren am Kader vu frëndschaftleche Relatiounen e Mëttwoch den Owend op Besuch am CSV-Generalsekretariat.
Empfaange goufen se vum Generalsekretär Laurent Zeimet a vum Generalsekretär adjoint Pierre Lorang.
Di exellent Zesummenaarbecht tëscht der CDU Saar an der CSV soll ausgebaut ginn, gouf um Enn vun engem interessante Gespréich betount.
Foto: v.l.n.r: Henrik Eitel, Laurent Zeimet, Roland Theis, Pierre Lorang