Leschten Eurogrupp fir de Jean-Claude Juncker

No 8 Joer war et gëschter eng leschte Kéier, datt de Premier Jean-Claude Juncker den Eurogrupp presidéiert huet. An deem Grupp kommen d‘Finanzminister aus der Eurozon am Prinzip jo eemol de Mount zesummen.

„Ich verspüre ein bisschen Wehmut, aber vor allem Erleichterung“ gëtt de Premier an der Presse zitéiert.

Vu ville Säite gëtt et Luef an Unerkennung fir de Jean-Claude Juncker a seng Meritter fir Euro, Eurozone an EU. Hien hätt ëmmer een Equiliber tëscht Spuermesuren an Austeritéitspolitik gesicht, sot zum Beispill de franséische Finanzminister Pierre Moscovici.

D’Finanzminister vun der Eurozone hu gëschter och betount, datt d’Erwaardungen un de neie Chef vum Eurogrupp, den Hollänner Jeroen Dijsslbloem grouss sinn.