Jean-Claude Juncker am Background

De Premier Jean-Claude Juncker war e Samschdeg  den Invité vum Chefredakter Guy Kaiser an der Emissioun Background op RTL Radio Lëtzebuerg.

De Jean-Claude Juncker huet ënnert anerem gesot, datt hien nach ëmmer Loscht hätt, fir Politik ze maachen.
Eng aner Ausso vum Premier war déi, datt een zu Lëtzebuerg aus der Politik vum kale Krich tëscht de Sozialpartner muss erauskommen.

Besonnesch um Häerz leit dem Jean-Claude Juncker de Chômage bei deene Jonken. An deem Kontext wëll hien sech derfir asetzen, dat d’Patron’en och Leit ouni Qualifikatioun astellen, di dann am Betrib eng Formatioun géife kréien.

De Premier huet och betount, datt een d’Kris hei am Land net um Bockel vun de Beschäftegte meeschtere kann andeem een hinne Rechter ewechhëlt. Mat him géif et jidder Fall keen Ofbau vum Aarbechtsrecht ginn, sou de Regierungschef; de lëtzebuerger Sozialmodell géif net zerstéiert ginn.

Am Gespréich um Radio goung och riets iwwert d’Geheimdéngscht-Affär. De Premier huet ënnerstrach, datt hien seng Aarbecht gemat huet, eng Aarbecht, déi a sengen Aen doranner besteet, fir d’Land ze schützen. An deem Kontext sot de Jean-Claude Juncker, datt hien es genuch huet, fir sech Verbriecher, Ligener an als korrupt bezeechnen ze loossen.

Di ganz Emissioun Background fannt Dir ënnert dësem Link: http://bit.ly/13Vfh7b