Réhabilitation du Pont Adolphe – Lucien Clement

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Et ass nach guër nët esou laang hier datt ech iech op diser Plaatz schons ëmol iwert dis Bréck geschwaat hun. Et woar deen Dag wou Eech iwwert de Bau vun enger neier provisorescher Brëck rapportéiert hun. Eng nei provisoresch Brëck déi en vue vun der Renovéierung vum Pont Adolphe a vum Réaménagement vun der Place de Metz a vun der Place de Bruxelles néideg gin as.

Erlaabt mir datt ech Eech trotzdem nach emol e puer Wuert Erklärungen heizou ze gin.

Den Pont Adolphe besser bekannt als déi nei Brëck ass mat Secherheet eent vun den symboleschsten Bauwierker aus eisem Land oder besser gesoot vun der Staadt Letzebuerg.

Zwëschen 1900 an 1903 gouf dis Brëck no engem Konzept vum bekannten franséischen Ingenieur Paul Séjourné gebaut.  Wéi déi nei Brëck dun den 24. Juli 1903 ageweit gouf, woar si déi gréissten Brëck  vun der Welt, déi aus Béi bestaan huet. Den Haaptbou vun der Bréck huet eng Ouverture vun 84,65 Meter.

1933 huet dun den Züricher Ingenieur Mirko Ros d’Brëck op hir Belaaschtbarkeet hi gepréift, an dobäi erausfonnt datt si den deemolegen Verkéierbelaaschtungen ouni Problemer duerhält.

D’Brëck huet dunn iwwert laang Joaren hiren Déngscht geleescht an de Belaaschtungen och stand gehaalen, bis si an den Joaren 1961-1962 huet missten fir eng éischten Kéier adaptéiert ginn. Deemools ass d’Drofläch vun der Strooss déi iwwert d’Brëck geet, komplett ersaat ginn, an d’Brëck as och ëm 0,46 Meter op all Säit méi breet gemaach ginn. D’Gesamtbreed gouf vun 17,82m. op 18,74m. erop gesaat.

Déi aal grouss Dalle aus Beton ass duerch eng nei Dalle ersaat ginn déi op méi klengen Dallen laït. Dis méi kleng Dallen verbannen  déi verschidden Béi vun der Brëck bis haut mateneen.

1976 sinn eng Rei aaner Renovatiounsaarbechten ënnerholl ginn.

1990 goufen Rëss an och Schied un den Steng vun der Brëck festgestallt. Dis Mängel hun dann och  gewisen dat d’Drofläch u sech vun der Brëck net méi dicht ass. D’Bréck gouf dunn provisoresch stabiliséiert an et goufen aus Sécherheetsgrënn Moossinstrumenter ubruecht fir d’Verhalen vun der Brëck bei Belaaschtung  ze kontrolléieren.

D’Ponts et Chaussées gesäit haut 4 Haaptproblemer:

1)    Drofläch vun der Brëck ass ondicht ginn, ënnert anerem wéinst dem Salz daat am Wanter op der Brëck gestreet gëtt.  Duerch d’Andrengen vum Wasser, sinn eng Partie Fouen an der Brëck erausgewäsch ginn wouduerch dun op verschiddenen Platzen Viden entstane sinn, déi dem Mauerwierk vun der Brëck schueden.

2)    Aus diser Ursaach halen d’Steng vun den Haaptbéi vun der Brëck  net méi richteg zesummen, an hunn missten provisoresch duerch stole Staangen stabiliséiert ginn.

3)    Nei Rëss sinn duerch dis Renovatiounsaarbechten an den Béi entstanen.

4)    Duerch d’Renovatiounsaarbechten an den 60er Joaren sinn och nach zousätzlech statesch Problemer un der Brëck entstanen.

Den Internationalen Rot fir Sites et Monuments huet d’Bréck analyséiert an festgestallt dat den Gabarit vun der Bréck net méi duergeet, fir de Verkéier op ze huelen, deen se haut ze droen huet.

Den Internationalen Rot  fir Sites et Monuments huet dorops hin fir geschloen d’Brëck weider ze stabiliséieren, an den Haaptbou duerch en neien Bou aus Beton ze ersetzen, deen een dann kéint mat Natursteng verkleeden. Dis Méiglechkeet géif et och erlaben Bréck ze verbreederen fir demno méi Plaatz fir den Verkéier ze schafen.

D’Konzept fir d’Renovatioun vun der Bréck gouf zesummen mat den Bierger ausgeschafft. Fir si ass et wichteg datt d’Brëck net hiren urspünglechen                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                                     Charakter verléiert, an datt och den Natursteen u sech bestoen bleiwt an och sichtbar bleiwt.

Et gouf sech no all diese Gespréicher fir eng « douce » Renovatioun vun der Brëck entscheet. Eng Renovatioun déi doranner besteet d’Fuerbunn vun der Bréck ze verbreederen, fir datt esouwuel d’Autoen wéi och en Tram kennen driwwer fueren. D’Bréck soll op béiden Säiten 75 Zentimeter méi breet ginn esou datt si zanter hirem Bau duerch den Paul Séjourné ëm ganzer 2,42 méi breet gëtt. Esou soll d’Brëck den Besoinen vun eiser Zäit méi gerecht ginn ouni awer hiren initialen Charakter ze verléieren.

Waat d’Aarbechten selwer ugeet, sou ass mat Secherheet den Haaptobjektif, d’Béi selwer vun der Brëck ze verstäerken. Da gëtt och nach déi ganz d’Fuerbunneplack ersaat, déi jo wéi schons gesoot insgesamt 1,5 Meter méi breet gi waert.

Während den Aarbechten gëtt de Verkéier jo bekanntlech iwert eng nei provisoresch Bréck geleed, daer hire Bau jo schons den Aval hei an der Chamber kruut.

Fir de ganzen techneschen Détail vum Projet verweisen ech iech u mäi schrëftlechen Rapport an och un den Projet de  Loi selwer. Hei gett de techneschen Oflaaf am Historique an am Exposé des Motifs milimeter genau beschriwen.

De Käschtepunkt vun der Renovatioun vun der Brëck beleeft sech op 62,9 Milliounen Euro.

Ech hun et schons gesoot, déi nei Bréck ass ee wichtet Element vun der Verkéierssituatioun hei an der Staadt , desweideren en touristeschen Unzéihungspunkt vun daer selwechter, an e ganz wichtegt Element vun eisem Patrimoine culturel. Et ass also enorm wichteg datt dist Symbol vun eiser Staadt disen Patrimoine vun éisem Land, och no der  Renovatioun erhaalen bleiwt.   Ech denken datt esou, wéi et elo an disem Projet de Loi virgesinn ass, disen Ufuerderungen Rechnung gedroen gëtt.

Här President,

Dir Damen an dir Hären,

erlaabt mir oofschléissend nach e Wuert zur parlamentarescher Aarbecht.

De Projet ass den 17. August 2012 vum Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister déposéiert gin.

De 17. Oktober huet d’Commissioun mech zum Rapporter genannt.

De Staatsrot huet säin Avis den 9. Oktober oofgin.

Den 21. November hu mir an der Commissioun de Projet an den Avis vum Staatsrot analyséiert.

Den 10. Dezember hu mir mäi Rapport ugeholl.

De Staatsroot huet an sengem Avis e puer Froen zur Verkéiersbelaaschtung op der Brëck, duerch Automobilverkéier an Tram obgeworf, vu que datt den Exposé des motifs nët weider heirop agaangen ass. An disem Kader ass awer verdäitlecht gin, datt d’Tramsspuer och fir de Bus ka benotzt gin, fir de Fall wou de Projet Tram a Verzuch géif gerooden.

Waat d’Velosfuerer ugeet, sou sin keng extra Velospisten virgesinn, well däer jo schons op daer aaler Bréck aménagéiert sin.

Ech wëll Eech dann just e puer interessant Punkten nennen déi mir an der Commissioun diskutéiert hun:

–         Duerch dis Renovéierungsarbechtechten wäert de Fortbestand vun der Brëck plus minus fir déi next 100 Joar garantéiert sin.

–         Viru Joaren woar emol d’Idee opgeworf gin d’Brëck oofzerappen an nei ze bauen. Wéinst hirem dach awer groussem historeschen Wäert ass dis Iddi awer erëm relativ séier faale gelooss gin.

–         Vu vir eran ass de Projet esou ausgeschafft gin datt den Tram soll iwert déi renovéiert Brëck fueren a folglech gett opgepasst, datt et nët zu allzevill Vibratiounen doduerch kënnt.

–         D’Struktur vun der Fuerbunn gët esou ausgeriicht datt et dono einfach ass d’Tramsschinnen drop ze verleen, fir de Fall wou den Timing tescht disem Projet an dem Projet Tram net giff iwereneen klappen.

–         De Staatsroot haat d’Froo opgeworf , well déi 2 Plaatzen hannert resp. virun der Brëck, also d’Place de Metz an d’Place de Bruxelles och am Réaménagement matt virgesinn sin,  datt dist eventuel och misst am Titel vum Gesetz festgehaal gin.

–          Vu que datt disen Aménagement, par rapport zum Rescht vum Projet just matt 4,7 Milliounen Euro an d’Gewiicht fällt, huet d’Commissioun décidéiert datt daat nët néideg wier.

–         Fest ze halen bleiwt nach, datt eng Alimentatioun vum Tram net iwert Catenairen soll geschéien, waat vun der Chamberscommissioun och positiv bewäert gouf. Eng Alimentation par sol as do fir gesinn.

Fir de Rescht haaten esouwuel de Staatsrot, wéi och d’Chamberscommissioun keng Bedenken a sin sech der Noutwendegkeet vun disem Projet de Loi bewosst an doofir bieden ech d’Chamber disen Projet an daer virleiender Form ze stëmmen.

Ech soen Iech merci fier d’Noolauschtere, an gi wie kennt et aanescht sin den Aval vun der Chamberscommissioun zu disem Projet.