Weiderfuehren: konsequent a responsabel

Zum Jooreswiessel gehéiert ëmmer e Réckbléck op daat wat d’Joer virdrun geléscht gouf.

Ech wëll héi keen kompletten Bilan zéihen an eenzel Mossnammen opzielen, mä zwou Sachen stiechen ervir, zwou Sachen déi fir ons zanter Jeh wichteg sin, déi d’CSV ausmachen an déi och d’Joer 2012 geprägt hun: datt ass 1. eng equilibréiert an zukunftsorientéiert Budgetspolitik, an 2. eng nohalteg Rentenpolitik.

Mir mussen zou Lëtzebuerg, mä och an Europa no 5 Joer Kris zeréck op de Wee vun engem nohaltegen Wuestum kommen. Woubäi et net nëmmen em Wuestum geet. Et geet ëm d’Zukunft vun onse Kanner an et gëlt dës Zukunft net ze verbauen.

Am Joer 2012 sin eng Réih vun Mesuren gehol gin, déi a Richtung Budgetssanéierung an a Richtung Zukunft gehol gi sin, an dorënner fällt ouni Zweifel d’Pensiounsreform.

D’Sozialsécherheet ass fir d’CSV en weesentlecht Element ouni daat den Zesummenhalt an onser Gesellschaft net garantéiert ka gin. D‘Sozialnetz daat mir opgebaut hun fousst op der Solidaritéit e.a. tëschend jonk an aal. D’CSV hält un dësem Modell fest, mä ass sech bewosst datt d’Méiglegkeeten vum Sozialstaat net onbegrenzt sin. Duerfir huet sie och d’Rentenreform matgedroen déi zum Deel den kommenden Erausfuederungen Rechnung dréit. Awer just zum Deel.

D’Reform ass en éischten wann och wichtegen Schratt an die richteg Richtung. Mir brauchen awer eng méi grondleeënd an ambizéis Reform fir dass och den Generatiounenvertrag net riskéiert z’implodéieren.

Mir wäerten ons also weider fir en Sozialmodell, den zukunftsorientéiert ass, staark machen an die néideg Schrëtter ënnerhuelen dass d’Diskussiounen an dësem wichtegen Dossier weider wäerten goen. E Stëllstand wier héi fatal!

Die finanziell Laag hat sech innerhalb vun e puer Méint dramatesch verschlechtert an den Defizit sech quasi verduebbelt. Dofir wor et och héich Zäit d’Handbremse ze zéihen an als Fraktioun Mossnammen ze fuederen fir den Budget méi konsequent ze sanéieren. Daat hun mir och ënnert Form vun engem Stéierpak gemaach, den am Dezember gestëmmt gouf.

Sécher, et mecht kéngem Freed, méi ze bezuelen an manner ze gudd ze hun. An et wäerten ëmmer nees Léit gin déi sech fir kuurzfristeg Partikularinteressen staark machen an weider d’Aen virun der Realitéit verschléissen. Mä wann ech mat de Léit dobaussen schwätzen, mierken ech, dass eng Bereedschaft do ass, dass d’Léit sech bewosst gi sin, dass et net esou weider kann goen wéi elo, dass gespuert muss gin. Daat héscht dann och, dass sie manner Suen ënnert Form vun Subsiden oder Abattementer wäerte kréien oder dass sie méi Stéieren mussen bezuehlen.

D‘Bereedschaft ass do esou laang 1) den Eenzelnen Gefill kritt dass d’Lascht gerecht opgedeelt ass, dass 2) Jidderen gefuedert ass an dass 3) d‘Lascht sozial ofgefieddert ass. Nom Motto: déi mat denen méi breeden Schëlleren droen méi. Daat ass ons mam Stéierpak vun Dezember gelongen.

D’Joer 2012 wor also d’Joer wou d’Weechen gestalt goufen, wou d’Ruder remgerappt gouf. D’Joer 2013 steet fir mech an fir d’CSV-Fraktioun ganz kloer an der Kontinuitéit vun 2012: et ass d’Joer vun de Konkretisatiounen  a vun den Realisatiounen.

Ech wënschen Iech Alleguerten Alles Guddes fir daat néit Joer!