Wee si mir …

Wee si mir, dass mir denken eis kéint keen. Entschëllegt des liicht provokativ Behaaptung , mä an der Lescht ass mir dëst dach awer méi dacks duerch de Kapp gaangen. Wann een nämlech matkritt, wéi a virun allem op wat fir enger Aart a Weis mir eis striewen d’Spillregele vun der globaliséierter Welt ze akzeptéiere, gëtt et mir baang.

Wee si mir, dass mir denken de GRAND Duché géif einfach esou weider ënnert Gottes Gnoden op der Sonnesäit stoen, d’Kiischte vum Kuch plécken an de Stuerm laanscht zéie loossen.

Wee si mir ze mengen, dass mir selwer eens ginn an déi aner net bräichten. “eih, déi si gutt fort ,deenen hu mir et gi“ komm mir klappen eis op d’Schëller!

Wou kennt déi Affrontéiertheet hier, deenen aneren hier Suen ze froen, an Näischt an d’Plaatz ze gi! Bréngt eis, mä schwätzt wannechgelifft net mat!

Menge mir wierklech, dass aus aneren Ursaache wéi Bënëfiss ze maachen iergendeen heihinner kéim. Bei allem éierleche Respekt , mä de Modell Lëtzebuerg ass deene meeschte schonn zu Athus egal.

Hu mir vergiess, dass Lëtzebuerg nëmme konnt dat gi wat et ass well auslännescht Kapital am Land war a mir all zesumme probéiert hunn un engem Strang ze zéien. Villäicht konnte mir eis soss mäi mat belsche franséischen an duerno och mat amerikaneschen Investisseuren identifizéieren.

Mee kënne mir eis wierklech virun der Realitéit verschléissen, dass haut och op anere Plaatze vun der Welt d’Musek spillt. Wee si mir fir eis iwwert déi Leit lächerlech ze man, wann se sech villäicht anescht undi wei mir a keen Hutt um Kapp hunn mä soss eppes.

Verschidden Aussoen aus de leschten Deeg brénge mech zur Konklusioun dass et hei latente Rassismus gëtt. An et muss jo kee mengen dass dat doten net eent zu eent dobaussen iwwersat gëtt.

Si mir dann elo déi, déi no Toleranz jäizen an e bei eis vermesse loossen. Vergiesse mir, dass mir all Dag 150 000 Frontaliere brauche fir d’Rad um Dréinen ze halen.

Wa mir gären am Zirkus vun deene Grousse matspillen an dat huet eis jo erlaabt an de leschten 30 Joer excellent ze liewe, sollte mir net vergiessen eis Grenzen an eise Geescht grouss opzeloossen.

E Kolleg vu vis-à-vis huet d’lescht Woch an der Chamber vun enger decidéierter Hand geschwat, ech hoffen et gëtt net geschwënn eng déi biedelt.

Ech sinn e grousse Frënd vun eisem Patrimoine, mä mat Kachkéis, Bouneschlupp, Quetschekraut a Muselsbéier geet et net méi duer.

Merci fir d’Nolauschteren