« Wéi bréngen d’Fraen de Spagat fäerdeg tëscht Beruf a Famill? »

An de leschte Joren ass vu Säite vun der Regierung an och vun de Betriber Villes ënnerholl an offréiert ginn, wat et de Fraen an och Männer erlaabt, Beruff a Famill besser ënnert een Hutt ze kréien. Et ass awer leider och eng Tatsaach, dat dëse Spagat méi Frae wéi Männer musse maachen.

Zenter dat een eegene Fraen- oder elo Chancëgläichheetsministère besteet, ass do och näischt onversicht bliwwe vir dëser gesellschaftlecher Erausfuerderung Rechnung ze droen. Esou droen déi sougenannte „actions positives“ am Privat- an awer och béi der Fonction publique derzou bäi, dat ee sech der Problematik méi oder iwwerhaapt bewosst gëtt.


Ween denkt da schonns drun, dat wann Reunioun op ee spéiden Nomëtte geluecht ginn, vill Mammen an och Pappen da Problemer kréien hir Kanner zur Zait aus de Maisons relais ofzehuelen? An dëst ass nëmmen ee Beispill vu villen, déi spille vir dat eis Gesellschaft et fäerdeg bréngt, dat mer an der Aarbechtswelt an an der Famill vu Chancëgläichheet kenne schwätzen.


Ze denke misst jo all Mann a Fra ginn, dat nach ëmmer d‘Fraen den Haaptdeel an der Erzéiungsaarbecht an am Stot ze maachen hunn, an dat trotz Beruffstätegkeet. Esou schaffen nach ëmmer méi Fraen, déi beruffstäteg sinn een temps partiel an sie sinn et och, déi haaptsächlech de Congé parental notzen. Hei kann een nëmmen op de Mentalitéitswiessel setzen, och wann dëst nach länger wärt daueren.


Et get awer am Kader vun der Aarbechtswelt ee Volet, den et verdéngt mat méi Opmierksamkeet beduecht ze ginn;: an zwar de vun den ënnerschiddlechen Aarbechtszäitmodeller. Jiddwereen huet am Laf vu sengem Aarbechtsliewen Zäiten, wou ee méi oder manner wëllt schaffen an dëser Tatsaach sollten a misste Betriber och Rechnung droen.


De Ministère huet dann elo an dem Kontext een Appel un d’Betrieber gericht, vir dat si hir bonne pratique solle mellen an domat de Beweis kennen untrieden dat et méiglech ass, ouni dat de Chaos an der Entreprise ausbrécht. Et ass jo kee Geheimnis, dat zefridde Mataarbechter méi produktiv sinn an enger Entreprise och méi laang erhale bleiwen.


Op dëser Plaz dann nach eng Kéier de waarmen Appel un d‘Betriber béi dëser Aktioun matzemaachen.
Déi aner Säit vun dëser nämmlechter Medail ass dat nach ëmmer wéineg Fraen an de sougenannte Prise de Décisionsplaaze sinn. Ech si fest dovun iwwerzeegt, dat wann mer méi Fraen als Virbiller hätten, déi a Gesellschaft, Politik an Aarbechtswelt hir Fra géife stoen, mer vill Diskussiounen net géife féieren. An dofir as d’Quoten eng Noutwennegkeet a keng Glawensfro. Esoulaang wéi Fraen als Exoten, als Alibifra behandelt an ugesi gin, esou laang wäerte mer och d’Diskussioun iwwert de Spagat tëscht Beruff a Famill weider féieren an aller Warscheinlechkeet mat enger zefriddener Konklusioun.

Karin Meyer, Presidentin CSF