Riicht eraus

Muer Samschden, de 7.7.2012 debattéiert de CSV Deputéierte Paul-Henri Meyers vun 12:03 Auer bis 13:00 Auer an der Emissioun “Riicht eraus” um 100,7 zesumme mam Felix Braz (Déi Greng) iwwert Thema: Wou sinn d’Aarbechte fir d’Verfassungsännerung drun? Wéi déifgräifend ass déi geplangte Revisioun vun der Constitutioun? Mussen d’Changementer an der Verfassung duerch e Referendum guttgeheescht ginn?