Eurogroupe: Juncker ënnerstëtzt Schäuble als säi Successeur

De Jean-Claude Juncker huet an engem Gespréich mam Spiegel den däitsche Finanzminister Schäuble als säi Successeur un der Spëtzt vum Eurogroupe ënnerstëtzt

De Wolfgang Schäuble wär den ideale Kandidat, esou de Lëtzebuerger Premier, deen am Juni als Eurogroupe Chef ophält.


Am Gespréich mam Spiegel Chefredakter huet den Här Juncker och betount, dass den europäesche Fiskalpak mat engem Wuesstëmspak misst ergänzt ginn – wat jo och de sozialistesche Presidentschaftskandidat François Hollande thematiséiert huet.
Vum Jean-Claude Juncker gouf et och Kritik un Däitschland a Frankräich. Den Androck, dass Berlin géif alleng d’Laascht vun der Euro Rettung droe wär eng Beleidegung fir Länner ewéi Lëtzebuerg, wou d’Belaaschtung pro Kapp méi héich ass ewéi an Däitschland.


D’Aart a Weis, wéi den Duo Paräis-Berlin an der EU mat „informellen Akkorden“ den Toun wëll uginn, gefällt dem Jean-Claude Juncker och net. D’Fro, op dat hie „verbattert“ gemaach hätt, huet hie mat „Jo“ beäntwert.


An deem Gespréich huet sech den déngschteelste Regierungschef an der EU och hannert déi aktuell Pläng fir een europäesche Wuesstemsprogramm auszeschaffe gestallt. Senger Meenung no géif et nach Sputt bei der europäescher Investitiounsbank ginn. Iwwert eng Kapitalerhéijung kéint d’BEI hëllefen d’Economie an Euro-Länner mat Schwieregkeeten ze stäipen.
Den europäesche Fiskalpakt misst deemno mat Moossname fir de Wuesstem kompletéiert ginn an eng Decisioun géif an den nächste Méint falen.


Source: rtl.lu
Méi Informatiounen och op  der CSV-Facebook-Sait