“Spuermesurë si keng Austeritéitspolitik”

Mat de Spuermesurë gëtt keng Austeritéitspolitik ugestrieft, mä et geet ëm Ajustementer, seet de Premier am Interview op RTL Radio Lëtzebuerg.

Iwwerall an Europa gëtt jo iwwer Spuere geschwat. An Holland ass d’Regierung elo wéinst dem Sträit rondrëm de Spuerprogramm um Enn. Bei eis gëtt de Rimm och méi enk gezunn, wou a wéi, dat gi mer Enn der Woch gewuer. RTL huet mam Staatsminister, ouni elo Detailer gewuer ze ginn, iwwert de Spuerpak geschwat.


Wéi gesot ginn et nach keng Präzisiounen iwwer Steieren, déi erop oder Depensen, déi erof ginn an och net iwwer Investitiounen, déi gekierzt ginn. De Jean-Claude Juncker ass awer optimistesch. Déi Mesure géing een um Niveau vun der Regierung decidéiert kréien. Et géif ee keng Austeritéitspolitik ustriewen. Et geet ëm Ajustements-Moossnamen.


Wou ass den Ënnerscheed? Ma Austeritéit wier net punktuell, mee generell. D’Ajustements-Mesure missten elo sou verdeelt ginn, dass déi Schwaach net méi getraff ginn wéi déi aner. Breet Schëllere misste weider méi droen.
A wat den Timing ugeet, bleift et derbäi. Enn der Woch ginn et éischt Detailer. De Finanzminister wëll déi grouss Linnen e Freidegmëtteg an der Chamber virstellen. Et wier wichteg, datt d’Chamber déi Mesure viru Bréissel iwwermëllt kritt. D’Chamber géif vir goen.


Ob d’Chamber d’Meenung vun der Regierung deelt, an d’Ajustementspolitik esou stëmmt wéi de Finanzminister se ee Freideg an der Chamber presentéiert, gesi mer dann an den nächste Méint.


Eurogrupp


Och d’europäesch Unioun waart ongedëlleg op den zweeten Tour vun de Presidentiellen a Frankräich. Mam Ausgank vun deene Walen sinn nämlech och Personalfroen verbonnen: Wie kënnt an den Directoire vun der europäescher Zentralbank, den Yves Mersch ass jo een, wann net den Favorit a wie gëtt Successeur vum Jean-Claude Juncker als Chef vum Eurogrupp.

Hält de Staatsminister da sécher an egal wéi op deem Posten op, wollt de Frank Kuffer vun him wëssen: "Ech bleiwen net gären, President vum Eurogrupp. Ech kréien dat net méi op eng Linn, déi duebel Aarbecht vum Premierminister a vum President vum Eurogrupp. Ech hu meng Mëllech ginn. (…) Ech packen dat einfach net méi fir nach eng Kéier 2 an en halleft Joer Eurogrupp-President ze sinn. (…) Ech bleiwe gäre Staatsminister."

De Jean-Claude Juncker ass der Meenung, dass déi Decisiounen och elo direkt a virum zweeten Tour vun de Presidentiellen hätte misse geholl ginn, mengt awer net, dass dat de Fall ass.

Source: rtl.lu