Luc Frieden: Relatioun Depensen a Recette stëmmt net méi

Dat huet net nëmmen mat der Kris ze dinn, mee ass ee strukturelle Problem, sou de Finanzminister Luc Frieden am Interview op RTL Radio Lëtzebuerg en Dënschdeg.

 An dowéinst fuerdert hien eng aner Depensekultur. Sou misst elo an alle Beräicher gekuckt ginn, wou ee manner kann ausginn, an do huet de Luc Frieden verschidde Pisten op gezeechent: Zum Beispill beim Pensiounsajustement, dem 13. Mount fir Staatsbeamten a Pensionären, an och bei de Prestation Familiales kéint een e puer Prozent erof goen, grad ewéi bei verschiddene Subsiden fir Betriber an d’Leit, ewéi d’Primen fir en ëmweltfrëndlechen Auto.

Méi schwéier ass et bei den Recetten, fir déi kuerzfristeg signifikativ ze héijen, mee a Saache Steiere kéinten d’TVA an d’Persounebesteierung eropgesat ginn, an d’Krisesteier nees aféiere wier och eng Optioun. Dat dës Mesuren net gutt bei de Leit ukommen , däers ass sech de Luc Frieden bewosst, mä substantiell Efforte si gefrot, an dat vu jidderengem, sou nach de Finanzminister, dee sech ee breeden Debat erhofft.

Den O-Toun vum ganzen Interview mam Finanzminister fënnt een op rtl.lu, Rubrik Radio, da Rubrik Audio Archiv an do ënnert Mëttesjournal vum 27. Mäerz

 

Source: rtl.lu