„Si mir oppe fir eng Rei Changementer?“

Auszich aus der Budgetsried vum Finanzminister Luc Frieden

Dës Budgetsdebatten féiere mir an enger Zäit, wou grouss Fragezeiche stinn hannert der ekonomescher Zukunft vun eisem Land, Europa an der Welt.

Et ginn op d’mannst fënnef wirtschaftlech Fakten, déi hei beienee kommen:

• D’Weltwirtschaft dréint méi lues.
• Mir hunn et ze di mat enger aussergewéinlecher Beonrouegung vun den internationale Finanzmäert.
• Mir hunn eng enorm Vertrauens- a Scholdekris an Europa.
• Mir stelle fest eng Verlagerung vun dem ekonomesche Wuesstem an der Muecht ewech vun Europa.
• A mir gesinn eng nei Interdependenz tëscht de Länner an Europa, an tëscht de Kontinenter.

Kee weess all d’Äntwerten op dës Froen. Mä sécher ass, mir liewen an turbulenten Zäiten, wou grouss Changementer kommen, déi en Impakt op eist Land, op eis Économie, an op eis Staatsfinanze wäerten hunn …

Mir behalen en Defizit no europäesche Critèrë vun ongeféier 0,7%, vläicht méi, wann d’Recette manner schnell erakommen, vun 1% bis 1,5%, wat eng 300 bis 500 Milliounen bei de gesamt ëffentleche Finanzen ass. Dat ass wäitaus besser wéi déi meescht Länner an der Eurozon, mä et ass en Defizit un dee mir historesch zu Lëtzbuerg net gewinnt sinn. A méi schlëmm, mir hunn en Defizit vu ronn 1,1 Milliarden beim Zentralstaat, dat si ronn 2,5% vum Bruttoinlandprodukt…

Dësen Defizit nämlech vum Zentralstaat, vu ronn enger Milliard, ass net e Problem fir ee Joer, ass net e Problem fir zwee Joer, et ass e Problem, wann en iwwer eng Dauer vun e puer Joer bleift, besonnesch wann d’wirtschaftlech Entwécklung wéi elo ganz lues ass, ganz schwiereg ass, wëssend datt mir gewinnt waren, hei zu Lëtzebuerg e Wirtschaftswuesstem vu ronn 4%, an elo confrontéiert si mat ronn 1% Wirtschaftswuesstem.

Firwat ass dat esou wichteg, deen Defizit ze reduzéieren? Wa mir nämlech méi e klengen Defizit hunn bei de gesamt ëffentleche Finanzen, wéi bei dem Zentralstaat, dann huet dat jo ganz alleng domat ze doen, datt mir duerch e staarkt Wirtschaftswuesstem en Iwwerschoss bei der Sécurité sociale realiséiert hunn. Or deen Iwwerschoss, déi Suen déi am Dëppe vun der Sécurité sociale sinn, déi kann een natierlech net gebrauche fir de Fonctionnement an d’Investitiounsausgabe vum Staat. Also muss de Staat mat dem Rescht vun den Einnamen och seng normal Dépensen, déi vum Zentralstaat, tätegen…

Eise Budget huet e puer grouss Bléck. An et ass an all deene Bléck, wou mir dës Discussioun muss féieren. Mir hu 35% ronn Sozialausgaben, d’Krankekeess, d’Pensiounen, Kannergeld, Chômage. Mir hunn 20% Peien, mir hu 14% Investitiounen, a ronn 7% Konsumausgabe vum Staat, fir nëmmen déi grouss Bléck ze nennen.

Eng zilführend Discussioun brauch menger Meenung no e puer Elementer.

• Hu mir e breeden Accord iwwer d’Noutwennegkeet dësen Defizit ze reduzéieren? A wa jo, iwwer wat fir eng Zäitspan?
• Akzeptéiere mir, datt net alles ka bleiwen ewéi et ass?
• Si mir oppe fir eng Rei Changementer? Droe mir mat, datt jiddwereen, mat Ausnam vun deenen, déi ganz wéineg hunn, eng Responsabilitéit huet, datt net alles ka bleiwen ewéi et ass, an datt jiddweree säi Bäitrag muss leeschten, wann et drëm geet ze spueren, an net nëmme Potenzial bei deem anere gesinn?
• Kucke mir zesummen, wéi mir kënnen eng Rei Automatismen, déi d’Dépensen all Joer, all Joer an d’Luucht dreiwen, ob mir déi ofgebremst kréien, oder net? Domat huele mir jo kengem eppes ewech, mä mir evitéieren, datt all kéiers eppes bäikënnt, wat natierlech flott ze hunn ass, mä net onbedéngt an all Situatioun noutwenneg ass…

Dës Discussioun verlaangt, datt mir aus de Clicheen, aus den Ideologien, aus de Partisanekëschten, aus de virgefaasstene Meenunge vun deenen engen an deenen aneren, erauskommen. Dat gëlt fir d’Sozialpartner, dat gëlt fir eis an der Politik. Ech mengen, dat gëlt fir all d’Bierger hei am Land.

Mir mussen d’Gesamtproblematik, an net nëmmen d’Deelaspekter kucken. Mir mussen den Intérêt général, an net den Intérêt vun deem engen oder anere Grupp hunn, fir wa mir wëllen hei virukommen…

Gesond Staatsfinanzen en fait sinn d’Grondlag vun der Stabilitéit, an der wirtschaftlecher Entwécklung hei am Land. Et ass déi Grondlag, an ouni gesond Staatsfinanzen huet dat Land hei keng Chance an der Zukunft.

Duefir brauch et eng raisonnabel, dat heescht, fir d’Leit akzeptabel Besteierung.

Den Defizit ass net ewechzeblose mat engem ganz héije Steiersaz, mä et brauch een eng Besteierung, déi Solidaritéit a Responsabilitéit matenee verbënnt, mä déi och de Leit hir Kafkraaft erhält.

Mir brauche bei de Betriber en internationalen konkurrenzfäege Steiersaz.

A mir brauchen natierlech och eng Sozialpolitik, déi zwee Critère gerecht gëtt. Si muss finanzéierbar sinn, a si muss sech konzentréieren op déi, déi et am meeschte brauchen. Net jiddweree muss dat selwecht hunn. Duefir kënne mir och an deenen nächste Joeren net alles bauen, wat wënschenswäert ass. ..

Nëmme wa mir zesummeschaffen, a wa mir oppe si fir Changementer, bleift Lëtzebuerg eng Plaz, wou Sécherheet a Wuelstand, wou Zesummeliewen, Vertrauen a Solidaritéit och an der Zukunft wichteg Wäerter wäerte bleiwen.

Net Popularitéit, mä Responsabilitéit an Zukunftsbléck mussen eis Guidelines an der Finanzpolitik sinn.

Quelle: CSV Profil, 17. Dezember 2011