Wahlen vum 9. Oktober

D’CSV ass bei de Wahlen de leschten 9. Oktober an de Proporzgemenge gestäerkt ginn. Och an de Majorzgemenge konnt d’CSV hir Positioun stäerken. Dorobber kënne mir all zesummen houfreg sinn.

D’CSV ass bei de Wahlen de leschten 9. Oktober an de Proporzgemenge gestäerkt ginn. Och an de Majorzgemenge konnt d’CSV hir Positioun stäerken. Dorobber kënne mir all zesummen houfreg sinn. 

Mir hunn an de Proporzgemengen 19 Sëtz bäigewonn an zielen elo 170 Gemengerotsmemberen an den 43 Proporzgemengen, dat sinn 30,63%. An eise Majorzgemenge sinn ganz vill Kandidate vun der CSV gestëmmt ginn a kennen elo Posten an der Responsabilitéit iwwerhuelen. 

Dat ass ee Resultat hannert deem mir eis net ze verstoppe brauchen a mir mussen dofir och keng falsch Bescheidenheet weisen.
D’CSV waart elo di weider Koalitiounsgespréicher of fir d’Wahlresultat komplett am Detail ze analiséieren.