D’CSV-Fraktioun huet déi traureg Pflicht fir den Dout vun hirem Kolleg a Frënd, dem Deputéierten Mill MAJERUS, matzedeelen.

D’Chamber an ons Fraktioun verléieren an senger Persoun een sozial engagéierten Deputéierten deen besonnesch deenen Leit zur Säit stoung, deenen et an onser Gesellschaft net esou gutt geet.
An dësem Sënn huet hien zënter senger Wahl am Juni 2009 fir eng sozial Permanence an der CSV-Fraktioun gesuergt wou hien ëmmer een oppent Ouer fir d’Suergen vun de Bierger hat.

Lëtzebuerg, den 1. Abrëll 2011

D’CSV-Fraktioun huet déi traureg Pflicht fir den Dout vun hirem Kolleg a Frënd, dem Deputéierten Mill MAJERUS, matzedeelen.

D’Chamber an ons Fraktioun verléieren an senger Persoun een sozial engagéierten Deputéierten deen besonnesch deenen Leit zur Säit stoung, deenen et an onser Gesellschaft net esou gutt geet. An dësem Sënn huet hien zënter senger Wahl am Juni 2009 fir eng sozial Permanence an der CSV-Fraktioun gesuergt wou hien ëmmer een oppent Ouer fir d’Suergen vun de Bierger hat.

Als President vun där zoustänneger parlamentarescher Kommissioun, huet hien sech an der Chamber fir d’Famill, déi Jonk an d’Gläichberechtegung agesat. Doriwwer eraus huet hien als iwwerzeegten Chrëscht, säin Glawen am Alldag gelieft an ëmmer versicht, senger individueller an sozialer Verantwortung gerecht ze ginn. Bei allem wat hien gemaach huet stoung de Mënsch an deem seng Dignitéit ëmmer am Mëttelpunkt.

Seng Députéiertenkollegen an d‘Mataarbechter aus der CSV-Fraktioun drécken senger Famill an dësen schwéieren Stonnen hirt häerzlechst Bäileed an déifsten Matgefill aus.

D’CSV-Fraktioun wäert hien an seng Verdéngschter fir säin Land an seng Bierger ni vergiessen!

Matgedeelt vun der CSV-Fraktioun