Et geet hei – eenzeg an aleng – ëm d’Zukunft vum Land

Ausschnëtter aus der Ried vum Fraktiounspresident Jean-Louis Schiltz zum Etat de la Nation

„Wann ech soen, datt mer hei zu Lëtzebuerg an an Europa an der déifster wirtschaftlecher Kris säit dem Zweete Weltkrich stiechen, dann dierf dee Saz a senger Einfachheet an och ouni weider Erklärung haut eigentlech keen iwwerraschen“, so einleitend CSV-Fraktionspräsident Jean-Louis Schiltz in seiner Stellungnahme im Rahmen der parlamentarischen Debatte zur Lage der Nation.

Dennoch scheint eine Reihe von Leuten diese Tatsache nicht teilen zu wollen, sagte er, obwohl vieles auf eine schwierige Zeit hindeutet und Luxemburg von Arbeitslosigkeit, Kompetitivitätsproblemen und einer schwierigen Situation der Staatsfinanzen nicht verschont bleibt. Vieles deutet darauf hin, dass Luxemburg ein strukturelles Problem hat, und nicht nur ein konjunkturelles.

Den Ernst der Lage nicht verkennen„De Wirtschaftsminister gëtt am Iwwregen net midd, eis alle gudde Broutdag ze dozéieren, datt eist Land strukturell Problemer huet, an datt dës Problemer leider, ewéi hie seet, net ungepaakt ginn. De Wirtschaftsminister seet dat am Iwwregen net aleng, mir an anerer soen dat och“, so Jean-Louis Schiltz, der davor warnte, den Ernst der Lage nicht zu verkennen: „Ech hoffen, datt wann eis Kanner an 30 Joer op d’Joer 2010 zréckkucken, si net soen, d’Haus Lëtzebuerg stong deemools a Flamen an et ass just driwwer diskutéiert ginn, ob de Pompjeeswon dann elo soll aus de Kasären erausfueren oder net.“

Wenn auch einige positive Anzeichen vorliegen, so kann dennoch nicht von einer definitiven Verbesserung der wirtschaftlichen Lage gesprochen werden. Im Gegenteil. Das Statec fixiert das Wachstum zwar auf 2,1 %, die OCDE und die Europäische Kommission gar auf 2,4 %. Doch diese Prognosen und Zahlen liegen weit unter jenen 4 %, die wir seit Jahren kannten. Aus all diesen Zahlen soll man daher nicht die falschen Schlussfolgerungen ziehen, so der CSV-Fraktionschef, der mit Nachdruck bedauerte, dass die Sozialpartner in der Tripartite sich nicht auf eine einheitliche Linie betreffend die Einschätzung der aktuellen wirtschaftlichen Lage, sprich Kompetitivität und Wettbewerbsfähigkeit, einigen konnten.

Kompetitivitätsproblem und Index In seinen weiteren Erläuterungen beleuchtete er die Indexproblematik: „Ech hunn den 30. Juli 2009 hei op der Tribün zum Index gesot, datt d’Indexgesetz Bestëmmunge beinhalt, ,wéi et iwwer de Wee vum Sozialdialog zu Upassungen am Fall vu Kompetitivitéitsproblemer oder ze héijer Inflatioun komme kann‘. Ech hunn och deemools, am Juli, drun erënnert, datt d’CSV dat do virun de Wahle gesot huet, an datt mer dobäi géife bleiwen. Mir bleiwen och haut derbäi.”

Aus der Warte von heute betrachtet, muss man mehrere Fakten und Tatsachen berücksichtigen. Fakt ist, dass wir ein echtes Kompetitivitätsproblem haben, dass im Bereich des Indexes in Krisenzeiten nicht alles beim Alten bleiben kann, und dass mit den Sozialpartnern in einer ersten Runde keine Einigung erzielt werden konnte.

Aus diesen Überlegungen heraus stellte Jean-Louis Schiltz die Position seiner Fraktion wie folgt dar: „Mir wëllen eng Diskussioun iwwert d’Aart an d’Manéier, wéi den Index an dëse Krisenzäiten ze regelen an ze reguléieren ass. Mir hätten am léifsten, wann en Accord dozou bis an den Hierscht géif fonnt ginn. E soll spéitstens bis am Dezember Form unhuelen. Dësen Accord sollt Substanz hunn. Mir si flexibel, wat d’Modalitéiten ubelaangt: Pëtrolspräisser oder Deckelung vum Index no uewen. Mir wäerten eis och all aner zilféierend Propositioune konstruktiv ukucken.

Näischt maachen an deenen nächste Méint ass fir eis keng Optioun, ausser natierlech eis Kompetitivitéit géif sech elo stënterlech massiv zum Positiven hi verbesseren, mais dat ass vun haut aus gekuckt – a mengen Aen – esou probabel, ewéi wa Chrëschtdag dëst Joer géif op de 6. Dezember falen.“

Kompetitivität ist nicht nur Kompetitivität Jean-Louis Schiltz plädierte aus diesen Überlegungen ableitend dafür, dass, wenn sich eine Lösung in Sachen Index finden könnte, das Sparpaket hinterfragt und gegebenfalls geändert werden soll oder kann. „Mir als CSV wëllen op jidde Fall esou een Accord ustriewen, woubäi ech nach eng Kéier de Wirtschaftsminister frëndlechst wëll drun erënneren – mais dee weess dat selwer, datt am Koalitiounsaccord steet, datt de Wuerekuerf soll iwwerkuckt ginn an nei organiséiert oder gewiicht ginn“, so der CSV-Fraktionspräsident, der auch die Problematik der Inflation kommentierte, um dann die Sichtweise in Sachen Kompetitivität auf weitere Blickfelder zu fokussieren und zu verbinden.

„Steiere beispillsweis hunn och eppes mat Kompetitivitéit ze dinn. D’CSV wäert an deem Beräich déi international Entwécklunge verfollegen, grad esou wéi si den Usproch stellt, déi national Entwécklung matzegestalten. Dat huet eppes mat Tauxen a Prozentsätz ze dinn, mais och mat anere Mesuren, wouvunner der eng Rei an der Regierung hirem Papeier zur Kompetitivitéit vum 10. Abrëll opgezeechent sinn. Et sinn dat, wat d’Steieren ubelaangt, 11 Propositiounen un der Zuel, esou ë.a. d’Befreiung vun der Taxe d’abonnement op enger Rei Fongen oder den Artikel 152 bis. Ech ginn hei net an den Detail, soen awer, datt et Mesuren sinn, déi am Intressi vun de Betriber sinn.“

Für Schiltz beschränkt sich die Kompetitivität eines Landes allerdings nicht nur auf Index- und Steueraspekte: „Mir wëlle Kompetitivitéit, well Kompetitivitéit ekonomesch Aktivitéit generéiert. Mir wëllen ekonomesch Aktivitéit, well ekonomesch Aktivitéit Aarbechtsplazen erhält a schaaft. Mir wëllen awer och Kompetitivitéit an ekonomesch Aktivitéit, well ekonomesch Aktivitéit Steieren ofwerft an esou Recetten an de Staatsbudget eraspullt. Mir wëlle Recetten am Staatsbudget, fir datt mer kënne Politike konzipéieren an ëmsetzen, insbesondere am soziale Beräich, wou et prioritär drëm geet, datt de Staat deene Schwaachen an eiser Gesellschaft ënnert d’Äerm gräife kann“.

Top-Priorität: Arbeit und Beschäftigung Ein weiterer Schwerpunkt der Rede beschäftigte sich mit der angespannten Situation am Arbeitsmarkt und den Entwicklungen im Bereich der Beschäftigung, die ohne Zweifel auch das aktuelle wirtschaftliche Umfeld widerspiegelt. Hier besteht Handlungsbedarf und Engagement. Das Schicksal der Arbeitslosigkeit kann und darf uns nicht egal sein, so Jean-Louis Schiltz, der die Absicherung von Beschäftigung und die Schaffung neuer Arbeitsplätze als Top-Priorität bezeichnete: „D’Kris huet den Aarbechtsmaart fest am Grëff. … Et ass eng sozial Fro, et ass eng Fro vun der sozialer Gerechtegkeet, dofir ze suergen, datt Aarbechtsplazen erhale bleiwen an neier geschaf ginn.“

Grundprinzipien und öffentliche Finanzen

Im letzten Kapitel seiner Rede ging Jean-Louis Schiltz nochmals im Detail auf das Sparpaket und die Entwicklung der Staatsfinanzen ein:

„Fir eis mussen am Beräich vun den ëffentleche Finanzen fir déi nächst Joeren eng Rei Grondprinzipien gëllen.

1. D’Staatsfinanze musse bis 2014 erëm an den Equiliber. Zil muss en Null-Defizit um Horizont 2014 sinn.

2. Mir dierfen eis net iwwerverschëlden, an duerfir kënne mer an deenen nächste Joeren net méi wei eng Milliard pro Joer léine goen; 4 Milliarden also, global gesinn, iwwer déi nächst véier Joer.

3. Mir musse spueren an et mussen nei Recettë fir de Staat generéiert ginn. Dofir soll de Moossnamepak grosso modo zu zwee Drëttel aus Aspuerungen op der Depensësäit bestoen, an zu engem Drëttel aus neien oder zousätzleche Recetten. Den Equiliber vum Pak ass wichteg, de Pak däerf net an engem Mooss belaaschtend sinn oder ginn, dee géif all Initiativ, all neien Elan am Keim erstécken, an dofir ass déi kloer Ausso vun der Regierung, fir mam Spueren bei sech selwer unzefänken, eng wichteg Ausso.

4. De globale Moossnamepack muss iwwer véier Joer gekuckt e Volume vun 1,6 bis 2 Milliarden hunn, dat heescht 400 bis 500 Millioune pro Joer iwwer déi nächst véier Joer.

5. Mir sinn d’accord, fir an zwou Etappen ze fueren: fir d’eischt zwee Joer an dann nach eng Kéier zwee Joer.

An, dat ass mäi sechste Punkt et hätt eigentlech missten deen éischte sinn, well et ass dee wichtegsten: De Pak muss dem Prinzip vun der sozialer Gerechtegkeet gerecht ginn. Dat ass kee Wuertspill, mais dat ass batteren Eescht. Déi sozial Selektivitéit, vun där am Koalitiounsaccord geschwat gëtt, steet nämlech net fir sozial Ausgrenzung, si steet fir sozial Kohäsioun a sozialen Ausgläich.“

Im Namen der CSV-Fraktion gab Jean-Louis Schiltz die Zustimmung der CSV zum Maßnahmenpaket der Regierung zur Sanierung der Staatsfinanzen. Der Grundtenor und die Ausrichtung stimmen, wenngleich in Sachen Verbesserung der Wettbewerbsfähigkeit weitere Schritte folgen müssen, dies auch mit dem Blick auf die Situation am Arbeitsmarkt.

„De Pak ass ee Wierk vun der gesamter Koalitioun … Et geet hei net ëm eng Partei, net ëm eng Gewerkschaft, och net ëm soss eng aner Organisatioun. Et geet hei – eenzeg an aleng – ëm d’Zukunft vum Land.“ 

Jean-Louis Schiltz
Fraktiounspresident


Op de punkt, Mai 2010